Register to newsletter

Films

Jean, Grand-Duc vu Lëtzebuerg

Director(s): Jacques van Luijk, Misch Bervard
Producer(s): RTL
Year: 2015
Form: DOCUMENTARY - Feature film
Original version: Luxembourgish
Running time: 110'
Synopsis

Déi meeschte Lëtzebuerger kennen de Grand-Duc Jean vun der Televisioun an aus der Zeitung, oder hunn als Schüler eng Rei Joeren a Klassesäll mat enger Vue op säi Portrait verbruecht.

Wéineg Lëtzebuerger kënnen awer behaapten dass si de Grand-Duc Jean géife kennen, wat erstaunlech ass fir eng Perséinlechkeet déi vun 1964 bis 2000 Staatschef vun engem klenge Land wéi Lëtzebuerg wor. 

Nach méi erstaunlech ass, dass vill Lëtzebuerger och net vill iwwert d’Liewe vun hirem Grand-Duc wëssen, Schued wann ee kuckt wéivill de Grand-Duc Jean a sengem aktive Liewen erlieft huet.

 De Grand-Duc Jean wor ëmmer een diskrete Monarch, hien huet bis haut ni vill an der Ëffentlechkeet geschwat, a wann iwwerhaapt, da ganz seelen iwwert sech selwer.

Haut, 50 Joer nom Trounwiessel, dem Ufank vum Règne vum Grand-Duc Jean, ass de Moment do fir zréck ze blécken.  Et war keng einfach Aufgab fir d‘Équipe vun RTL, well och vill Leit aus sengem Entourage déi enorm Diskretioun respektéieren, an net iwwert de Grand-Duc Jean wëlle schwätzen.

 De Grand-Duc Jean selwer huet der RTL Équipe et  dunn awer erlaabt hien zu Fëschbech ze besichen, domat huet hien implizit ee wichtegen Impuls fir de Projet ginn.

 

Fir de Film ze realiséieren, hunn de Jacques van Luijk an de Misch Bervard iwwer en Zäitraum vu bal engem Joer honnerte Stonnen Archiv-Material visionéiert an eng ganz Rei Interviewe realiséiert mat Historiker an Zäitzeien, dem Grand-Duc Henri an dem Ierfgroussherzog Guillaume.

 De Film beschreift de Grand-Duc Jean als Mënsch: d’Zäit an där hie gebuer gouf, seng Kandheet, seng Famill, seng Educatioun an déi dramatesch Evenementer vum zweete Weltkrich, déi hie staark beaflosst hunn an hie vläit zu där Perséinlechkeet gemaach hunn, déi hie bis haut bliwwen ass. 

De Film beliicht déi wichteg Aspekter vu sengem Liewe, als Staatschef, deen eist Land an de wichtege Joeren vun Entwéckelung a Fortschrëtt begleet huet, als Familljechef mat de Bezéiungen zu senge Kanner a senger Fra, der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, mee och seng perséinlech Intressen wéi de Scoutismus, de Sport an d’Natur hunn hir Plaz am Documentaire.

D’Auteure hunn en eemolegen  Zougang zu de Privat-Archive vun der Groussherzoglecher Famill kritt a konnten esou nach ni gewise Biller a Fotoen an de Film abauen, déi de Grand-Duc Jean mat senger Famill privat weisen, op Plaze wou normalerweis keng Kamera hikënnt.

D’Zil vun der RTL Équipe war et, een nuancéiert an objektivt Bild vun eisem fréiere Staatschef ze zeechnen, ënnermauert mat Fakten an Analyse vun Zäitzeien an Experten.

Eraus koum 2 Stonne laangen Documentaire mat villen Zäitdokumenter, informativ an emotional zugläich, eng Biographie vun engem grousse Monarch, dem Grand-Duc Jean, deen haut nach, mat 93 Joer, eng héich Beléiftheet bei de Lëtzebuerger genéisst.    

Nominations & Awards

Nominated for Filmpräis 2016

Poster
Jean, Grand-Duc vu Lëtzebuerg

Follow Film Fund Luxembourg on: